Op eiser AG hu mir nees op dat vergaangent Joer zeréckgekuckt an et als e richteg flott a erfollegräicht Joer ofgeschloss. Leider hu mir och dëst Joer e puer bekannte Gesiichter misse goe loossen. E grousse Merci un d’Michèle, d’Jill, d’Vivian, an den Alexander fir ären Asaz an äer Zäit an de leschte Joren!
Gläichzäiteg hu mir eis iwwer nei Gesiichter am Comité gefreet. Dëst Joer dierfe mir nämlech véier nei Membere begréissen: d’Emma, d’Lara, d’Lya an de Gaëtan. Häerzlech Wëllkomm am LSMaas – mir freeën eis op eng super Zesummenaarbecht!
10.10.2025
Op eiser AG hu mir op dat lescht Joer zréckgekuckt an e Schlussstréch ënnert ee ganzt positiivt Joer gezunn. Leider hu mir och missten e puer Membere misse verabschiden. Merci un d'Chiara, d'Mara, d'Lisanne an de Mathis fir är Hëllef an de leschte Joren!
Mir hunn awer net nëmme Leit verabschit, mee och nei Membere gewonnen. D'Jill ass lo endlech fix am Comité a mir dierfen 3 ganz nei Membere begréissen: d'Joanne, den Alexander an de Sam. Hearzelch Wëllkomm am LSMaas!
09.10.2024
Fir daat néit Schouljoer unzestoussen an domatt all déi Neilingen an LSMaas-Memberen ze begréissen, invitéieren mir iech rem all hearzlech op eis Welcome Drinks.
Daat bescht kennt nach: dir gidd direkt begréisst mat engem gratis Drink!
Wéini a wou?
Den 11. September am Peter's Irish Pub um 20:00.
5.09.2024
De Comité vum LSMaas a weider lëtzebuerger Studenten an Holland goufe leschte Méinde vun der lëtzebuergescher Ambassade zu Den Haag op ee Meeting mam neie Premier Minister Luc Frieden invitéiert. Hei huet den Här Frieden sech allméigleche Froe vun de Studenten iwwert déi aktuell politesch Lag an der Welt gestallt.
De Comité seet dem Premier Minister Luc Frieden an der lëtzebuerger Ambassade villmools merci fir d'Invitatioun an d'Organisatioun vun dësem Event.
Source photo: @luc.frieden - Instagram
6.03.2024