Um Tournoi de Noël hunn eis Equippe super Resultater areecht! Eis Volleyball Equipe gouf 17. vun 22. Am Basket an am Fussball hu mir 2x eng Top-10 Placéierung mat heem bruecht! Eis Basketsequipe gouf 9. vu 16 an am Fussball huet eis Equipe no enger staarker Gruppephas, wou een 2. ginn ass, déi 9. Plaz vun insgesamt 21 Equippen areecht!
Bravo a merci u jiddereen dee matgespillt huet oder eis ënnerstëtzen komm ass!
Bis nächst Joer!
Source photo: Vincent Lescaut - L'Essentiel
29.12.2023
Mam LSD si mir dëst Joer rëm an alle Sportaarten um Tournoi de Noël vertrueden a mir freeën eis iwwert all méiglech Ennerstetzung déi mir nëmme kenne kréien. Dofir kommt laanscht a feiert eis Equippen de 27.12. & 28.12. um Campus Geesseknäppchen mat un! An net vergiesse fläisseg fir den LSMaas matzedrénken ;)
22.12.2023
Wéi all Joer organiséiert ACEL an Zesummenaarbescht mat der LASEL hiren Tournoi de Noël den 27./28. Dezember um Campus Geesseknäppchen wou Basket, Volleyball a Fussball gespillt gëtt. Mam LSD (Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf) melle mir och dëst Joer erëm fir all Sportaart eng Equipe un. Falls du Intressi hues a gären eng oder méi vun deene Sportaarte wëlls matmaachen, da mell dech bei eis op Instagram! Mir zielen op Iech!
18.10.2023
D'Joer 2023 ass ausgeplangt! Kuckt ënnert Events fir méi Infoe. Klenge Reminder: wei versprach profitéiert all Member vum LSMaas vu reduzéierten Tariffer op all eisen Eventer.
Mir freeën eis op jiddereen dee laanschtkënnt!
12.10.2023
Eis LSMaas-Memberskaarte sinn ënnerwee! Soubal se ukomm sinn, kréien déi Leit déi schonn eng bestallt hunn déi natierlech sou schnell wei méiglech vun engem Comitésmember. Falls dir nach keng bestallt hutt, kenn dir dat nach ëmmer ënner Memberskaart maachen!
5.10.2023
Ab haut kann jiddereen seng eege Memberskaart bestellen an domat dem LSMaas als Member bäitrieden!
Méi dozou op der Säit Memberskaart!
21.09.2023
Op eiser Assemblée générale gouf den neie Comité gewielt. Felicitatioun un eis nei Presidentin Michèle Back an en häerzlecht wëllkomm un eisen neie Comitésmember Lisanne Plekkepoel!
20.09.2023
3 Comitésmember hunn den Cercle verloos. Merci Daniel, Tom an Niclas!
20.09.2023